Lëtzebuerger Weltraum-AgenceVun der Kockelscheier an den Orbit

Annick Goerens
Space - Weltraum. Do denkt ee séier un d'NASA, SpaceX, Astronauten a Rakéiten. Awer un d'Kockelscheier? Éischter net. Genee do, geet elo en neie Space Campus op. Doriwwer hu mir mam Interim-Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence Ruy Pinto geschwat.
E Modell vun engem kommerzielle Satellit.
E Modell vun engem kommerzielle Satellit.
© JOAN CROS/NurPhoto via AFP

D'Weltraum-Industrie ass super spannend. Dat ass den éischte Saz, deen de Ruy Pinto sot. Hien ass zanter zwee Méint um Rudder.

"Ech géif soen, de Weltraum ass an de leschte Joren an d'Moud komm. Et kann een dat sou nennen oder soen, datt de Weltraum strategesch wichteg ginn ass. Ënnert dem Stréch gëtt en ëmmer méi wichteg fir d'Regierungen, fir de Privatsecteur a fir de kommerzielle Gebrauch. Virun 10 oder 15 Joer goung et virun allem ëm Tëlee iwwer Satellit an ëm Sonden, déi een an de Sonnesystem geschéckt huet. Haut spillt de Weltraum iwwerall eng Roll. Bei der Navigatioun, bei der Observatioun vun der Äerd a bei geopolitesche Konflikter. Et ass also e spannende Marché."

All Mënsch huet am Alldag mam Weltraum ze dinn

Vill Leit wier sech dës net bewosst, mee hätten eigentlech all Dag an iergendenger Form mam Weltraum ze dinn.

"Et ginn déi klassesch Beispiller. D'Navigatiounsapp op Ärem Handy, egal ob et en iPhone oder en Android ass, funktionéiert wéinst de Satellitten. An Europa virun allem duerch Galileo. […]
Satellitte spillen och eng wichteg Roll bei der Wiederprevisioun an der Äerd-Observatioun. Mam europäesche Programm Copernicus kann een zum Beispill de Klimawandel an aner Verännerunge vun der Ëmwelt erkennen. Vill vun dësen Donnéeë ginn hei zu Lëtzebuerg verschafft. An da gëtt et nach d'Kommunikatioun. D'Geräter, mat deenen ee sech mat engem Satellitte verbënnt, ginn ëmmer méi kleng. Et héiert een ëmmer nees vun LEO-Satellitten [Low Earth Orbit Satelliten, ndlr.]. Dat si Satellitten, déi op enger niddreger Ëmlafbunn ëm d’Äerd kreesen an ënner anerem an der Ukrain agesat ginn."

Silicon Valley Lëtzebuerg?

Fir de Weltraum-Business hei am Land weider ze promouvéieren, entsteet op der Kockelscheier bannent de nächsten 2 Joer den NEOS Space Campus. Dat wier extrem wichteg, erkläert de Ruy Pinto.

"De Weltraumsecteur profitéiert dovun, datt d'Entreprise sech vernetzen. Dat bekanntste Beispill ass natierlech de Silicon Valley a Kalifornien, wou all déi Entreprisen op enger Plaz zesummekommen. […]
Mir schafen also Plaz fir kleng Entreprisen, déi do Laboe benotze kënnen, fir hir Technologie ze entwéckelen an ze testen. An et bréngt och schonn eppes, einfach op där selwechter Plaz ze sinn. Et geet ëm kleng Saachen. Et geet een an déi selwecht Cafeteria, drénkt zesummen e Kaffi an tauscht Iddien aus. Et ass schwéier, dat a Chifferen auszedrécken, mee et huet e Wäert. Um Space Campus ginn et och Beräicher, zu deenen een nëmme mat enger Sécherheetsautorisatioun Accès huet. Do kann een Technologien, déi souwuel zivil wéi militäresch kënne genotzt ginn [sougenannt "dual use", ndlr.]. Et kann een esou Technologien net iwwerall um selwechte Site entwéckele wéi Firmen, déi net am Defense-Secteur aktiv sinn."

Den Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence Ruy Pinto
Den Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence Ruy Pinto
© Annick Goerens

Satellitte vun der Kockelscheier

Eng vun deene wichtegsten Entreprisen um Site soll de Satellittebedreiwer SES ginn. D’SES plangt do ënner anerem eng Produktiounshal fir Satellitte vu méi wéi 11.000 Quadratmeter. Wat bréngt déi ëffentlech Investitioun? De Ruy Pinto verweist op d'Aarbechtsplazen, déi et am Secteur haut schonn hei am Land gëtt. Dem Statec no wäert de Weltraum-Secteur an noer Zukunft 1.600 héichqualifizéiert Aarbechtsplaze schafen.

"Ech géif soen, datt sech déi Zuel op d’mannst verduebelt, wann een déi indirekt Aarbechtsplaze matrechent. Zum Beispill an der Berodung, am Bau an an deenen anere Beräicher, déi profitéieren, wann Entreprisë wuessen."

Dem Direkter vun der Lëtzebuerger Space Agence no ginn et hei am Land ronn 80 kleng a mëttelgrouss Betriber, déi am Weltraumsecteur aktiv sinn. Kann e klengt Land wéi de Grand-Duché do iwwerhaapt mathalen? De Ruy Pinto:

"Et hätt zum Beispill kee Sënn, direkt mat de Satellitteprojete vun Amazon oder mat Starlink vu SpaceX ze konkurréieren. Dofir feelt eis d’Kapital. Mir géifen domat keng Aarbechtsplaze schafen, an et géif ze laang daueren. Mir setzen dofir zum Beispill op den Asaz vu Weltraumtechnologien an der Finanzwelt. Do kënnen déi zwee Secteure vunenee profitéieren. Mir encouragéiere Startuppe, sech unzekucken, wéi een dës Technologien an de Finanzen notze kann. Mir kucken och op de Gesondheetssecteur. Ronderëm d’Produktioun vu Medikamenter oder anere Biomaterialien am All entwéckelt sech e ganze Marché."

Lëtzebuerg géing sech seng Nisch sichen, an där ee séier géing virukommen an deenen anere Länner an Industrien ëmmer e Stéck viraus wier.

"We have to play to our strengths. Luxembourg, in space, certainly, but not only in space: we punch above our weight."
Ruy Pinto, Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence

Back to Top
CIM LOGO