Associatioun "Eran, Eraus an elo"Méi Alternativen amplaz nei Prisongen

Diana Hoffmann
De Prisong Uerschterhaff kënnt u seng Limitten. D'Associatioun mécht dofir ënner anerem eng méi streng penal-politesch Approche responsabel.
Temoignage mam Ex-Prisonéier José del Rio
Den Ex-Prisonéier a President vun der Associatioun "Eran, Eraus an elo" kennt de Lëtzebuerger Prisongssystem aus eegener Erfarung.

Zu Lëtzebuerg gëtt nees iwwert de Bau vun engem neie Prisong nogeduecht. De Prisongsdirekter Serge Legil hat e véierten oder fënnefte Prisong an d'Spill bruecht. Fir d'Associatioun "Eran, Eraus an Elo" gräift esou eng Léisung awer ze kuerz. Si fuerdert, d'Ursaachen z'analyséieren, wisou d'Zuel vun de Prisonéier an d'Luucht geet, amplaz virun allem nei Kapazitéiten ze schafen.

"Et ka jo net d'Zil vun der Politik sinn, fir ze soen: 'Mir maachen déi richteg Sécherheetspolitik, well eis Prisonge si voll'. Dat fanne mir awer wierklech schappeg", betount de Christian Richartz, Grënner vun der Associatioun. De fréiere Prisonéier reprochéiert der Justizministesch Elisabeth Margue, sech an de soziale Medien domat ze bretzen. Hie fënnt, dass et aktuell géing politesch en aneren Discours ginn, wei nach viru Joren.

Méiglech Grënn fir méi Prisonéier

D'Associatioun erkläert sech déi méi héich Prisonéierszuelen ënner anerem duerch eng méi streng Ausleeung vum Strofrecht. "Vue dass d'Kriminalitéit jo relativ stabel zu Lëtzebuerg bliwwen ass. Et muss een och elo net e grousse Philosoph sinn, fir ze verstoen, wat dat ka bedeiten. Et schéngt schonn esou ze sinn, dass och um Volet penal méi streng agéiert gëtt", féiert de Christian Richartz seng Argumentatioun aus.

Weider stellt hien d'Fro, ob een dauernd misst nei Delikter mat Prisongsstrof maachen. Dass et och géing anescht goen, weist senger Meenung no e Bléck bei den Noper, an d'Belsch. "D'Belsch huet säit dem 1. September en neie Code pénal an do ass de Prisong wierklech als ultime remède dra virgesinn", seet de laangjärege President vun "Eran Eraus an Elo".

Awer och kuerzfristeg géingen et Alternative ginn, fir d'Prisongen z'entlaaschten. Hei pocht hie besonnesch op den Asaz vu Foussfessele fir nees Plaz am Prisong Uerschterhaff ze schafen, wou Detenuen an Untersuchungshaft sinn. D'elektronesch Iwwerwaachung ass hei am Land schonn zanter 2018 als Deel vum Contrôle judiciaire méiglech, gëtt bis elo awer just limitéiert agesat.

De Christian Richartz kritiséiert och, dass et zu Lëtzebuerg keng komplett Iwwersiicht iwwer d'Entwécklung vun der Kriminalitéit géing ginn. Dofir fuerdert d'Associatioun en Observatoire de la criminalité. "Mir schwätzen zanter 50 Joer zu Lëtzebuerg: Et gëtt ëmmer méi schlëmm, d'Bomien traue sech owes net méi virun d'Dier, et kritt een iwwerall d'Posch geklaut. Mä mir hu keng Zuelen", betount de Christian Richartz.

Back to Top
CIM LOGO