
Eng Rei Affer vun de sougenannte Luxtrust-Bedruchsfäll sichen d'Lëtzebuerger Banken un. Eng 30 vun hinnen hu sech de leschten Donneschdeg mat hirem Affekot Marc Theisen getraff, nodeems d'Banke keng Responsabilitéit fir d'Affäre wollten huelen. De Marc Theisen sot RTL op Nofro hin, datt déi grouss Majoritéit vu senge Clienten him d'Mandat ginn hunn, fir eng zivil Prozedur géint déi respektiv Banken ze lancéieren. Hie sot, hie géing dat dann och ganz kuerzfristeg maachen.
Den Affekot huet nach emol widderholl wat hien RTL schonn Enn August gesot hat: d’Fäll wieren all ënnerschiddlech. Engersäits kéint een net sécher sinn, datt d'Riichter den Affer Recht ginn. Anersäits erkennt de Vertrieder vun den Affer vun de Luxtrust-Bedruchsfäll awer scho Musteren, déi op eng Matverantwortung vun de Banke kéint hiweisen.
Am Summer dat lescht Joer ware besonnesch vill Fäll ëffentlech bekannt ginn, wou Onéierlecher sech als Luxtrust-Mataarbechter ausginn hunn, respektiv mat falschen Internetsitte vu Banken Leit beduckst hunn, fir Zougrëff op hir Onlinekonten ze kréien an hinnen dausenden Euroen ze klauen. Eng Rei Verdächteger goufe scho gestallt, mee et ass net gewosst, ob d'Affer hir Suen zeréckkréien.