PoliceAggressiven Déif no Flucht festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police war e Mëttwoch géint 10 Auer geruff ginn, well en aggressive Mann an engem Buttek an der Stad geklaut hat an dono geflücht war.

Wéi d’Personal de Beamten erkläert huet, war de Mann beim Klauen erwëscht ginn. Wéi de Gerant vum Buttek hie festhale wollt, huet hien him mat Schléi gedreet. Nodeems den Déif sech lassrappe konnt, huet hie sech duerch d’Bascht gemaach.

Am Nomëtteg konnt de Flüchtege vu Polizisten ermëttelt a mat op de Büro geholl ginn, wou hie sech weiderhi gewiert huet.

De Parquet gouf informéiert an huet ordonéiert, de Mann festzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO