E Pilotprojet, fir d’Landwirtschaft an d’Forstwirtschaft mateneen ze kombinéieren, gëtt et zanter iwwer 5 Joer an der Gemeng Déifferdeng. An dat mat Succès. Et geet em d’Biodiversitéit: An Zäite vum Klimawandel gëllt et, Weeër ze fannen, wou de Bauer ka weider Felder bewirtschaften, ouni Fauna a Flora ze vill ze steieren. Agroforst nennt sech de Fachbegrëff. Wat derhannert stécht, war sech de Christophe Hochard rezent ukucken.