Do virdrunner war hie bei "Médecins Sans Frontières" an der Belsch aktiv.
Déi aktuell Pandemie huet och hir Repercussiounen op d'Aarbecht vun der ONG. Déi weltwäit Aktivitéiten um Terrain si wäit iwwer d'Hallschent erofgaangen, och zu Lëtzebuerg.
"STOP aux Bombardements" nennt sech déi aktuell Campagne vun Handicap International. Dës gouf d'lescht Joer eng éischte Kéier a 7 verschiddene Länner lancéiert.
Zanter 1997 gëtt et Handicap International hei zu Lëtzebuerg an zielt eng ronn 20 Collaborateuren.