Kulturelle PatrimoineAktuell sti ronn 2.200 Gebaier ënnert nationaler Protektioun

Jean-Marc Sturm
Zënter déck engem Joer huet d'Land een neit Gesetz, fir méi Koherenz an den nationale Schutz vum kulturelle Patrimoine ze kréien.
© RTL Archivbild

Dee Patrimoine deelt sech a 4 Kategorien op: Den archeologesche Patrimoine, deen architektoneschen, de Mobilier, bis hin zu Traditiounen. Dee Patrimoine gëtt mat impressionante Chifferen dokumentéiert.

Kulturelle Patrimoine/Reportage Jean-Marc Sturm

Eleng bei de Gebaier schwätze mir vu 27.000 Immeublen, déi fir d’Protektioun a Fro kommen. Aktuell sti ronn 2.200 Gebaier ënnert nationaler Protektioun, dovunner d’Hallschent als nationale Kulturpatrimoine. 65% sinn an Uertschaften, 13% hunn ee reliéise Charakter, 6,5% een industriellen Hannergrond, plus 3% Festungen, Schlässer a Buergen.

Dat ganzt ass dacks een Zesummespill tëscht de staatlechen Instanzen mam INPA, dem Nofolleg-Institut vu Sites et Monuments, an de Gemengen am Land. Op kommunalem Plang sinn zum Beispill méi wéi 17.000 Gebaier via de PAG geschützt.

D’Fro un d’Kulturministesch Sam Tanson, ob ee sech do net am Wee steet? “A priori geet een dervunner aus, dass vläicht manner streng Krittären op Gemengenniveau gëllen an dowéinst och méi Flexibilitéit ka bestoen herno bei Aarbechten, déi kënne gemaach ginn. Quit dass och ee Gebai, dat national geschützt ass, net wëll heeschen, dass een Näischt méi un deem Gebai ka maachen. Et ass eben den INPA, dee matschwätzt, fir d’Aarbechten ze begleeden, wann esou ee Schutz besteet. An do kritt een natierlech och Subsiden, fir déi Aarbechten och ze begleeden.

D’Kritik, dass de Schutz vum kulturelle Patrimoine eng Léisung vun de Problemer am Logement net méi einfach mécht, léisst d’Sam Tanson net gëllen.

Et geet jo och drëm, dass mir de Kär vun eisen Dierfer a Stied erhalen, dass mir eisen zukünftege Generatiounen eppes vun deem weiderginn, wat mer Stand Haut hunn. Do spillt Denkmalschutz eng wichteg Roll, dass mir dat erhalen, wat zu Lëtzebuerg eng Kéier war, ouni dass een dat net méi kann upaken oder net méi ka weiderdenken.

Och national geschützte Gebaier kéinten transforméiert ginn. Do géif et vill flott Beispiller ginn.

PDF: Déi offiziell Presentatioun

Back to Top
CIM LOGO