Zu Lëtzebuerg gëtt et Schätzunge vun Natur an Ëmwelt no eng 700 Uebstbamzorten. Vill vun dëse Beem kéinten an de nächste Joren ausstierwen, dat, wann ee lo net aktiv dofir suergt, fir jonk Beem ze planzen.
D'Lëtzebuerger Reinette gëtt et zanter ugangs vum 19. Joerhonnert an de Bongerten am Grand-Duché. Et ass domat ee vun den eelste bekannten Uebstbeem. Schätzungen no gëtt et eng 200.000 Uebstbeem zu Lëtzebuerg, de Bestand ass allerdéngs amgaang zréckzegoen an d'Aartevillfalt kéint an de nächste Jore méi kleng ginn, wann net elo jonk Uebstbeem geplanzt ginn. Ronn 700 Uebstzorte gëtt et hei am Land. Fréier goufen ënnerschiddlech Zorten Äppel gebraucht, fir zum Beispill Fiz oder Wäin ze produzéieren oder och ze dreschen.
De Natursyndikat Sias huet sech zum Zil gesat, d'Uebstzorte virun allem am Oste vum Land ze inventariséieren a Bamschoulen unzeplanzen an herno nees als jonk Beem a Bongerten ze planzen, esou den Agraringenieur Marc Thiel.