Nei PetitiounenLëtzebuerg soll och Autobunnsvignette kréien a Fürerschäinsexame soll a Schoulcoursen integréiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Um Chambersite si vun en Donneschdeg u 14 nei Petitiounen online.
Eng Autobunnsvignette fir Lëtzebuerg oder och nach integréiert Fürerschäinscoursen - dat si just zwou Fuerderungen an de Petitiounen, déi vun en Donneschdeg un um Site vu der Chamber kënnen ënnerschriwwe ginn.
© RTL Grafik

D’Fuederungen si jo ëmmer ganz verschidden an deels och kreativ. Sou gëtt proposéiert, datt och Lëtzebuerg soll eng Autobunnsvignette aféieren. Well d’Belsch eng Vignette aféiert, soll d’Belsch Sue gestrach kréien, déi se aus dem Lëtzebuerger Frontaliersfong kréien, ass och de Sujet vun enger Petitioun.

D’Theorie vum Fürerschäin an och den Theoriesexamen sollen an de Stonneplang vum Lycée integréiert ginn. Fir d'Buschauffere gi gratis a beheizten Toiletten op all Terminus gefuerdert an e KI-Abo, zum Beispill vun ChatGPT, soll ee fir d’Aarbecht vun de Steiere kënnen ofsetzen.

5.500 Ënnerschrëfte mussen zesummekommen, fir datt an der Chamber iwwer dee Sujet diskutéiert gëtt. Den nächsten Debat iwwer eng Petitioun ass och scho geplangt. De 14. Januar gëtt iwwer en Urgence-Plang fir d’Zuchlinn Metz-Thionville-Lëtzebuerg diskutéiert. 5.860 Leit haten déi Petitioun ënnerschriwwen.

All déi oppe Petitiounen, déi den Ament kënnen ënnerschriwwe ginn, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO