Animéiert Diskussiounen e Mëttwoch an der Chamber-Kulturkommissioun ëm d'Erhale vun zwee ale Schmelz-Kamäiner, déi nach eleng um Bord vun den Arbed-Frichen tëscht Belval an der Suessemer Gemeng stinn.
Souwuel d'CSV, wéi och d'LSAP an d'Piraten hu sech fir d'Restauratioun vun de Schaarschtecher ausgeschwat – de Kulturminister Eric ka sech iwwerdeem net virstellen, datt dës zwee al Tierm wäerten ënner national Protektioun gestallt ginn.
De Volet vun der Authentizitéit vun de Kamäiner wier dem Minister no, nämlech net méi ginn, well se 2012 aus Sécherheetsmesurë vun 150 op 40 Meter zréckgebaut goufen.
U sech war awer d'Decisioun geholl ginn, datt d'Tierm erhale ginn, mee d'Agora wëll keng Sue méi investéieren an d'Suessemer Gemeng wëll d'Kamäiner och net als Schenkung, sou datt se wuel oder iwwel wäerte musse komplett ofgerappt ginn.
De Kulturminister wollt d'Wuert vum Ofrappen awer net an de Mond huelen, wëll de Ministère vum Eric Thill net Proprietär vum Site ass, mee d'Agora an de Fonds Belval.
"Fir et ganz däitlech ze soen: ech hu gesot, dass ech e Gesetz applizéieren, dofir sinn ech Kulturminister, ech stinn zu deem Gesetz vun 2022, dass déi Krittären net erfëllt sinn, fir et national schützen ze loossen. Dat heescht net, dass se mussen ofgerappt ginn. E wichtegen Ënnerscheed. Zweetens: ech als Kulturminister, ech sinn net Proprietär vun den Terrainen, wou déi Tierm dropstinn."
D'Enttäuschung op Säite vun CSV an LSAP ass grouss, well d'Süd-Deputéiert Engel, Morgenthaler an Mischo fir d'Erhale vum industrielle Kulturierwen agetruede sinn – och den Auteur vun enger entspriechender Motioun, de Pirat Marc Goergen huet net mat Kriticken un den Aussoe vum DP-Kulturminister an der Kommissioun gespuert:
"Also Dir wëllt se elo ofrappen, hunn ech verstanen, Dir wëllt se net schützen, Iech ass et zimmlech egal, esou interpretéieren ech et fräi eraus. Mee Dir berufft Iech op de Schutz, an deemools effektiv 2012 goufe se méi kuerz gemaach, mee dofir kënnt Dir net. Dofir kann och de Süden net. Dat war deemools och eng politesch Decisioun. Mee op der anerer Säit, Dir berufft Iech just op de Schutz. Mee firwat musse se da geschützt ginn, fir se iwwerhaapt nach kënne ze erhalen? Mir kënnen einfach higoen a soen: Dir wollt der Gemeng se schenken. Bon d'Gemeng ka se bekannterweis net huelen, well aus finanzieller Grënn. Fonds Belval - déi kennen ech besser, well ech do an der Kommissioun sinn, déi dee verwalt - déi hu genuch Geld, fir dat weiderhin ze maachen. Firwat schéngt der net dem Fonds Belval se, fir dass se erhale bleiwen oder iergendengem, fir dass se erhale bleiwen?"
D'Erhale vun den alen Arbed-Kamäiner steet also an der Schwief - als industriellt nationaalt Kulturierwen dierfte se net klasséiert ginn. D'Motioun vun de Pirate kënnt an de Chamberplenum, dat nodeem och Agora-Vertrieder an der Bautekommissioun zum Sujet gehéiert gi sinn.