
Am Bankesecteur gëtt et den Ament déck Loft tëscht der Aleba an den aneren zwou Gewerkschaften.
D’Bankegewerkschaft Aleba verléiert hir sektoriell Representativitéit. Déi Entscheedung kéint e Minister net aus fräie Stécker huelen, mee opgrond vun enger Reklamatioun vun enger interesséierter Säit, präziséiert den Dan Kersch ob Nofro. Esou eng wier och virun 2 Méint erakomm an dat vum LCGB an OGBL. No hirer Aschätzung hätt d’Aleba déi sektoriell Representativitéit net méi.
Den Dan Kersch: "De Minister muss dann deen Dossier huelen, e muss en un d'ITM weiderginn, déi dann eng technesch Analys mécht, ob déi Krittären, déi am Gesetz stinn, vun der Gewerkschaft ëm déi et geet, an dësem Fall ëm d'Aleba, ob déi nach erfëllt sinn oder net."
D'Konklusioun vun dësem Rapport wier ganz kloer gewiescht, datt d'Krittären, déi d’Gesetz freet, vun der Aleba net méi géifen erfëllt ginn. Dem Minister wier näischt anescht méi iwwereg bliwwen, wéi déi Entscheedung ze treffen.
Den Interêt vun der Reklamatioun wier relativ kloer gewiescht. Déi zwou Gewerkschafte wieren net domat averstane gewiescht, dass d’Aleba an enger éischter Phas géing eleng beim Kollektivvertrag verhandelen. Doropshin hätte si hir Reklamatioun agereecht, sou de Minister.
De Minister hofft awer, datt déi dräi Gewerkschaften e gemeinsame Wee fannen, fir am Interêt vun de Leit, déi se vertrieden, ze handelen.
Bei de leschte Sozialwalen 2019 hat d’Aleba just 49% vun de Stëmme kritt: se war zwar nach ëmmer déi gréisst Gewerkschaft am Secteur, mee war a Prozenter net méi absolut majoritär.