Am Kader vun hirem Avis zum Gesetzprojet 7651, deen eng EU-Direktiv an nationaalt Recht ëmsetzt, freet d'Lëtzebuerger Medienopsiicht Alia, datt d'Medielegislatur méi déifgräifend reforméiert gëtt.
D'Medienopsiicht fuerdert e Gesetz, dat net nëmme Radio an Tëlee, ma och Internetsäiten a sozial Plattforme couvréiert. Dofir misste sämtlech Acteuren, och aus der Zivilgesellschaft, consultéiert ginn. Viséiert gëtt engersäits d'Online-Presenz vun den traditionelle Medien, ma net nëmmen.
De President vun der Alia Thierry Hoscheit:
"Et ass d'Presenz vu jiddwerengem, deen iergendwéi iwwert e Medium aktiv gëtt, z'erfaassen an enger Kontroll z'ënnerleeën."
Dat wier eng Fro vu Koherenz, esou d'Alia. Et wier wichteg, datt een eng Garantie hätt, wat zouverlässeg Quelle wieren, och um Internet, sou d'Valérie Dupong vum Verwaltungsrot.
"Koherenz, dat heescht jo och, wat gi mer de Leit als Garantie vun enger sécherer Quell vun Informatioun. Dir wësst, dass dat e ganz wichtege Punkt ass haut, deen ëmmer nees diskutéiert gëtt, net nëmme fir déi Erwuessen, mä virun allem och fir déi Jonk a fir d'Kanner."
Ee Phenomen, dat een an de leschte Joren observéiert hätt, a bei deem eng Regulatioun néideg wier, wier iwwerdeems d’Presenz an de Medie vun de Gemengen, seet de Marc Glesener, Member vum Alia-Verwaltungsrot.
"Dat ass déi Saach mat de kommunalen Tëleeën, respektiv Internetoptrëtter. Wat u sech e rechtsfräie Raum ass, wou mer och an eisem Avis soen, dass et interessant wier, an dass et gutt wier, wann dat géif reglementéiert ginn."
D'Kompetenz fir Medien zouzeloossen, misst bei der Alia leien an net beim Medieministère, sou hire President Thierry Hoscheit. De Ministère géing d'Positioun vun der Medienopsiicht kennen, wéi eng Positioun de Ministère hätt, wéisst een allerdéngs nach net.
Wéi d'Alia personell a budgetär misst opgestallt sinn, fir déi gefuerdert Tâchen z'erfëllen, kéint een elo nach net soen.
"Dat ass an eisen Aen eng Fro, déi ee sech ganz zum Schluss muss stellen, wa sech bis erausgeschielt huet, wat gëtt elo de Perimeter vun der Autoritéit, wat fält alles an hire Kompetenzberäich. Den Ament si mer an enger Situatioun, wou mer iwwert de Budget 2021 4 nei Poste kreéiert hunn."
E weidert Beispill, firwat en neie legislative Kader néideg wier, wier den Optrag, Walcampagnen z'iwwerwaachen. D'Alia hätt do bei den Europawalen en Optrag kritt, allerdéngs géif et keng legal Basis dofir ginn.