PoliceAlkohol am Spill zu Méischdref an Ettelbréck, Drogen an der Stad an zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hu si op e puer Plazen am Land missen agräifen. Zwee Mol war Alkohol hannert dem Steier am Spill, an zwee anere Fäll Drogen.
© RTL Archivbild

Bei enger Vitesskontroll e Mëttwoch den Owend an der Baaschtnecher Strooss zu Ettelbréck ass ee presséierte Chauffer mat 90 km/h gemooss an dono gestoppt ginn. Wéinst der Vitess a well de maximal erlaabten Alkoholwäert iwwerschratt war, krut de Mann e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.

Géint 22 Auer krut eng Patrull e geparkte Won an der Dikrecher Strooss zu Méischdref gemellt, bei deem de Motor nach gelaf ass. Den Automobilist géif mat gebécktem Kapp hannert dem Steier sëtzen. D’Beamten hunn de beschriwwenen Auto och effektiv virfonnt an hunn de Mann no e puer Versich wakereg kritt. Hien hat däitlech ze déif an d’Glas gekuckt an en Test ass positiv ausgefall. Hie krut de Permis ewechgeholl an e provisoresche Fuerverbuet.

Presuméiert Drogendealer festgeholl

Bei enger grouss ugeluechter Kontroll am Kader vun der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit konnt d’Police e Mëttwoch am Nomëtteg op der Stater Gare e presuméierten Drogendealer festhuelen. Hie war beim Dealen observéiert ginn. Och eng Fra, déi eng Bull Kokain kaf hat, konnt gestallt ginn.

De presuméierten Drogendealer wollt sech nach ewechmaachen, konnt awer immobiliséiert ginn. Hien hat 29 Drogebullen am Mond. Bei der spéiderer Duerchsichung konnten nach 770 Euro Boergeld an en Telefon séchergestallt ginn. Well de Verdacht bestanen huet, dass de Mann nach Bullen am Mo hätt, gouf eng klinesch Ënnersichung ugefrot. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl. De Mann koum en Donneschdeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Um 13 Auer sinn e Mëttwoch zu Diddeleng enger Policepatrull zwou Persounen opgefall, déi grad derbäi waren een Drogegeschäft op der Gemengeplaz duerchzeféieren. De presuméierten Dealer huet probéiert fortzelafen, konnt awer vun de Beamten immobiliséiert ginn. Hien hat 40 Bulle mat Heroin a 400 Euro Boergeld bei sech.

© Police

Wéi d’Police doropshin d’Wunneng vum Mann duerchsicht huet, goufen hei nach eng Kéier 262 Gramm Marihuana, 835 Gramm Heroin, 56 Gramm Haschisch, 3 Ecstasy-Pëllen, eng gréisser Zomm Boergeld an Drogenutensilie séchergestallt. De presuméierten Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat en Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Dësen huet decidéiert, datt de Verdächtegen an Untersuchungshaft op Schraasseg sollt bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO