
Et huet geschéngt, wéi wann de Mann alkoholiséiert gewiescht wier. Hien huet sech geweigert, fir aus dem Bus ze klammen an huet och mat Béierfläschen ëm ech geworf an aner Passagéier belästegt.
Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, war de Mann du awer aus dem Bus geklommen, si konnten hien an der Arelerstrooss untreffen. Bei der Kontroll konnt de Mann just ee Bréif virweisen. Dëse war vun de franséischen Autoritéiten an doranner gouf de Mann opgefuerdert, fir Frankräich ze verloossen. No Récksprooch mat der Lëtzebuerger Divisioun vun der Police des étrangers an dem Lëtzebuerger Ausseministère koum de Mann an de Centre de rétention.
Och an der Arelerstrooss zu Stroossen krut d'Police dann en Abroch gemellt. Wéi eng Persoun heem koum, huet si gemierkt, wéi 2 Täter aus hirer Wunneng gelaf sinn. Een Täter hat Sportkleeder mat enger Kaputz op, hat e bronge Kuerf bei sech an war ongeféier 180 Zentimeter grouss, den zweete Mann hat och Sportkleeder un, dat mat enger rouder Opschrëft. Dësen hat säi Gesiicht vermummt a war ongeféier 1,70 Meter grouss. No de Männer gouf dono direkt gesicht, ma si konnten net erëmfonnt ginn.
Da konnt nach am Garer-Quartier an der Stad e eng Persoun kontrolléiert gouf, déi opgefall war, well se komesch geschléckt huet. Op Uerder vum Parquet koum d'Persoun an de Scanner an do huet sech erausgestallt, datt de Mann Friemkierper a sech hat. De Parquet huet dorobs de Mann verhaft gelooss an hie koum e Samschdeg de Moien virun den Untersuchungsriichter.
Dann huet d'Police nach e puer Alkoholkontrolle gemaach. Bei enger zu Bitscht, Ettelbréck an an der Fuussekaul goufen 224 Automobiliste kontrolléiert. An 8 Fäll ass den Test positiv ausgefall, dovunner goufen 3 Permisen agezunn.
E weidere Permis huet dann e Mann verluer, dee géint 4 Auer eng Pann an der Route de Thionville an der Stad. De Mann hat säi Pneu matten op der Fuerbunn gewiesselt. Ma bei der Kontroll koum eraus, datt hie virdru schonn ze vill gedronk hat.