
Eng Policepatrull huet d'Fra spéider an der rue Adolphe Krieps ugetraff, ma déi war alles anescht wéi begeeschtert. Si huet mat hirer Posch ronderëm sech geschloen. Well se duerch hiren héijen Alkoholpeegel eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf se an de Passagearrest bruecht.
Zu Uewerkuer ass e Mëttwoch géint 20.30 Auer bei der Kierch an der Avenue Charlotte en Automobilist an den Trottoir gerannt, an hat doropshin d'Strooss blockéiert, well dobäi d'Achs vum Auto gebrach ass. De Chauffer blouf onverletzt, ma den Drogen- an Alkoholtest war positiv. Den Auto war och net richteg ugemellt. De Führerschäin gouf agezunn.
Op der A7 a Richtung Stad ass enger Policepatrull en Auto opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war, an no engem plëtzleche Bremsmanöver just nach mat 20 Kilometer an der Stonn gefuer ass. De Chauffer gouf drop higewisen, de Polizisten nozefueren an d'Sortie Luerenzweiler ze huelen, fir kontrolléiert ze ginn. Ufanks huet dësen dat och gemaach, huet dunn awer beschleunegt a wollt Richtung Stad flüchten. De presséierten Automobilist konnt awer an der Sortie Waldhaff gestoppt ginn. Hien hat kee gëltege Führerschäin an e gouf positiv op Cannabis getest. Och déi 3 aner Persounen am Auto goufe wéinst Drogekonsum protokolléiert.