A4Alkoholiséiert hannert dem Steier an d'Ausgangsspär net respektéiert

RTL Lëtzebuerg
Fir de Chauffeur dierft dëst keen allze gudden Dag gewiescht sinn.
Dëst ass en Archivbild a representéiert net d'Faiten déi am Artikel beschriwwe sinn.
Dëst ass en Archivbild a representéiert net d'Faiten déi am Artikel beschriwwe sinn.
© RTL Archiv

Kuerz virun hallwer 12 ass der Police e Méindeg den Owend en Automobilist opgefall, deen op der A4 a Richtung Stad mat ze séierer Vitess ënnerwee war. Wéi d'Beamten de Mann gestoppt hunn, gouf en Alkoholtest gemaach, deen dann och positiv war. Hie gouf protokolléiert, konnt säi Permis allerdéngs halen.

Ma de Chauffeur vum Auto hat net nëmmen de Maximaltaux vun Alkohol, ma och d'Ausgangsspär iwwerschratt, sou dass de Mann hei och nach misst e Protokoll bezuelen.

Ze séier op der N7

Ee presséierte Automobilist war e Méindeg den Owend géint 22.50 Auer op der N7 tëscht Lëpschent an Houschter-Déckt ënnerwee. Hie gouf bei enger Vitesskontroll mat 175 amplaz den erlaabten 90 km/h gemooss. No enger kuerzer Poursuite konnt de Won a Richtung Norde gestoppt ginn. De Chauffer krut e Fuerverbuet an e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO