
Géint 6 Auer e Sonndeg de Moie war d’Police an der Rue du Fort Neipperg op eng alkoholiséiert Persoun opmierksam ginn, déi Hëllef gebraucht huet. Wärend sech d’Beamten ëm se gekëmmert hunn, ass en anere Mann dobäi komm. Dësen huet d’Beamte gestouss a beleidegt a wollt net méi weidergoen. Nodeems déi éischt Persoun versuergt war, hunn d’Polizisten decidéiert, fir de Passant ze kontrolléieren. Den alkoholiséierte Mann war dobäi äusserst onkooperativ. Hien huet d’Nuecht am Passagearrest verbruecht.
Dräi weider Persounen hunn d’Nuecht an enger Zell verbruecht. Eng Persoun hat d’Sécherheetspersonal vun engem Lokal vernannt, war esou alkoholiséiert, datt se sech kaum nach op de Bee konnt halen an hat sech bei enger Chute selwer eng Wonn zougezunn. Wärend d’Beamte mat der Persoun op d’Ambulanz gewaart hunn, huet dës permanent gejaut, huet d’Polizisten ugepaakt an ass ëmmer méi aggressiv ginn. No enger medezinescher Kontroll ass et fir d’Nuecht an d’Ausniichterungszell gaangen.
Um 5.30 Auer e Sonndeg de Moien huet dann nach eng aner alkoholiséiert Persoun Passante provozéiert. Well de Mann der Opfuerderung vun der Police, d’Plaz ze verloossen, net nokomm ass, an ëmmer méi aggressiv gouf, wollten d’Beamten en an d’Ausniichterungszell mathuelen. Well de Mann sech dobäi hefteg gewiert huet, ass en am Passagearrest gelant.
An da war nach e Mann zu Waasserbëlleg opgefall. Hien huet viru Passante gespaut, huet gelallt an ass op d’Schinne gelaf. D’Police konnt hien immobiliséieren an et gouf decidéiert, fir hien an d’Ausniichterungszell ze bréngen. Wärend dem Transport huet de Mann weider ëm sech gespaut. Um Policebüro huet hie wärend enger medezinescher Kontroll engem Polizist an d’Gesiicht gespaut an huet den Dokter an d’Beamten attackéiert. Hien ass dofir an de Passagearrest komm. Eng Plainte gouf gemaach an de Parquet informéiert.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police och Alkoholkontrolle gemaach, dat an der Route de Longwy an an der Route d’Arlon an der Stad an an de Route de Thionville zu Hesper. 150 Automobiliste goufe kontrolléiert. An aacht Fäll war den Alkoholtest positiv, et gouf siwe Procès-verbauxen an een Avertissement taxé. 4 Fürerschäiner goufen nach op der Plaz ofgeholl.
Zu Esch ass enger Policepatrull géint 1 Auer e Sonndeg de Moien een alkoholiséierte Mann opgefall, dee si vernannt huet an dono mat sengem Auto fortfuere wollt. Ma d’Beamte konnten de Mann awer stoppen. No e puer Diskussiounen ass et gelongen, een Alkoholtest ze maachen, deen dann och positiv ausgefall ass. De Führerschäin war doropshi fort. Well de Mann säin Auto no sengem Fluchtversuch op engem Behënnerteparking ofgestallt hat, gouf dësen ofgeschleeft.
Och an der Géigend vu Mäertert an an der Stad goufe Fürerschäiner wéinst ze vill Alkohol agezunn.