EschAlkoholiséierte Chauffer baut Accident a mécht sech zu Fouss duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
De Chauffer huet méi spéit probéiert, d'Polizisten an och d'Spidolspersonal ze attackéieren. Hien huet d'Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.

Ëm kuerz no 22 Auer huet et en Dënschdeg den Owend zu Esch geknuppt. De Chauffer vum accidentéierte Won ass allerdéngs net stoe bliwwen, mee huet sech zu Fouss ewechgemaach.

Kuerz drop konnt d’Police hien awer scho lokaliséieren. En Alkoholtest huet e positiivt Resultat ugewisen an de Mann gouf fir déi weider Demarchen op de Policebüro bruecht. Do huet hie sech allerdéngs net grad virbildlech beholl. Hie war grad mat de Beamten ënnerwee, fir seng perséinlech Géigestänn aus dem Auto ze huelen, wéi hien d’Polizisten attackéiert huet. De Mann gouf immobiliséiert.

Méi spéit huet hien och probéiert, d’Spidolspersonal ze attackéieren. A sengem Zoustand wier hien eng Gefor fir sech an anerer gewiescht, esou d’Police. Dowéinst wier hien an d’Ausniichterungszell bruecht ginn. Et gouf eng Plainte gemaach an de Mann huet säi Fürerschäin missen ofginn.

Och zu Déifferdeng gouf géint 22 Auer een alkoholiséierte Chauffeur ugehalen, och hie war säi Fürerschäi lass.

Back to Top
CIM LOGO