DiddelengAlkoholiséierte Chauffer beschiedegt Police-Won a fiert weider

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 23 Auer huet eng Policepatrull zu Diddeleng an der Route de Kayl grad eng Kontroll an engem Lokal gemaach, wéi et bausse geknuppt huet.
© Archiv

En alkoholiséierte Chauffer ass hei an de Police-Auto gerannt, woubäi de Spigel ganz futtigaangen ass. De schëllegen Automobilist ass awer weidergefuer. Spéider konnten d'Beamten de Mann an der Rue de l'Etang stoppen. Hie gouf protokolléiert an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO