Zwee Permisen zu Rëmeleng agezunnAlkoholiséierte Chauffer hannert dem Steier ageschlof a vu Police erwächt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg hunn d'Beamte vun der Police direkt zwee Automobilisten zu Rëmeleng ugetraff, déi ze vill gedronk haten.

Géint 22.25 Auer e Sonndeg den Owend huet eng Patrull e Chauffer op engem Parking zu Rëmeleng kontrolléiert. Well de Mann alkoholiséiert geschéngt huet, gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. De Permis gouf agezunn an den Auto immobiliséiert.

Géint 2.40 Auer um fréie Méindegmoien war der Police en Automobilist an der Escher Strooss zu Rëmeleng opgefall, deen hannert dem Steier geschlof huet. Och hei gouf et kloer Unzeechen op en ze héijen Alkoholkonsum. De Mann huet allerdéngs all Aart un Alkoholtest refuséiert, wouropshin hie säi Fürerschäin huet missen ofginn. Duerch säi staark alkoholiséierten Zoustand a säin aggressiivt Verhalen huet hien eng Gefor fir sech anerer duergestallt a koum an de Passagearrest, fir nees niichter ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO