
De Chauffer hat keen Helm un, huet eng Rei Schëlder ignoréiert an ass direkt op déi zentral Plaz virun der Gare gefuer. De Mann ass dunn iwwert den Trottoir a Richtung vun de Tramsschinne weidergefuer.
D’Police huet de Mann du géint 3.40 Auer gestoppt a kontrolléiert, woubäi de Beamten opgefall ass, datt hien Unzeeche vun Drogen- oder Alkoholkonsum gewisen huet. De Chauffer hat iwwerdeems weder ee Fürerschäin nach Pabeiere vum Scooter derbäi.
Wéi si d’Donnéeë vum Mann méi genee ënnert d’Lupp geholl hunn, ass de Beamten opgefall, datt hien e Fuerverbuet bis zum Schluss vum Joer huet. De Scooter war iwwerdeems zanter bal enger Woch als geklaut gemellt.
Wéi de Chauffer op Drogen ugeschwat ginn ass, huet hien der Police eng wäiss Substanz iwwerreecht, déi sech als Kokain erausgestallt huet. Wärend en Drogentest bei him zwar negativ war, huet den Alkoholtest ugeschloen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an der Untersuchungsriichterin virgefouert. De Scooter gouf saiséiert an zeréck un de Besëtzer ginn.