Alkohol um Steier, Sträit an AbréchAlkoholiséierte Chauffer randaléiert op der Aire de Wasserbillig

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg op e Sonndeg war d'Police e puer Mol wéinst alkoholiséierten Automobilisten am Asaz. Grad ewéi wéinst enger Ausernanersetzung a 6 Abréch.

Zu Uewerkuer an der Route de Belvaux ass, wéi d’Police schreift, géint 21.30 Auer en Auto an e geparkte Won gerannt, awer net stoe bliwwen. Am Kader vun enger Sich konnt eng Patrull de flüchtege Chauffer kuerz drop ermëttelen. Den Alkoholtest op der Plaz war positiv, wouduerch de Mann de Permis huet missen ofginn.

Op der Aire de Wasserbillig war der Police géint 2.25 Auer e Mann gemellt ginn, dee randaléiere géing. Op der Plaz war de Mann nach ëmmer immens opbruecht. Wéi d’Beamte gewuer goufen, hat de Mann e verbale Sträit mat zwou anere Persounen, déi dee Moment awer schonn net méi op der Aire waren. Beim Gespréich hunn d’Poliziste gemierkt, datt de Mann sichtlech ënner Alkoholafloss stéing. Vue datt de Mann kuerz virdru mat sengem Auto op d’Autobunn gefuer ass, fir op d’Aire ze kommen, gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. De Permis gouf wéinst dem héije Resultat agezunn.

Um Boulevard Franklin Roosevelt an der Stad huet eng Patrull kuerz no 3 Auer e Chauffer kontrolléiert. Bei der Kontroll hat den Automobilist, sou schreift d’Police, eng Aaxt um Aarm leien. Op d’Opfuerderung hin, dës ewech ze leeën, huet de Chauffer dat och direkt gemaach. Och hei war den Alkoholtest positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Sträit um Verluerekascht

An der Bouneweger Strooss um Verluerekascht war et géint 21.30 Auer zu enger Ausernanersetzung tëscht enger Partie Leit komm. Op der Plaz konnten d’Beamten d’Situatioun séier berouegen. Aus de Gespréicher ass ervirgaangen, datt sech e puer Leit och geschloen hätten, woubäi eng Persoun eng kleng Schnëttwonn un der Hand krut. Bei der Kontroll vun de Bedeelegte gouf bei engem en Täschemesser fonnt, wat séchergestallt gouf. Een Aneren hat eng kleng Quantitéit u Cannabis dobäi, déi och vun de Beamte séchergestallt gouf. Op Uerder vum Parquet, deen iwwer de Virfall informéiert gouf, goufen d’Messer an d’Droge saiséiert.

6 Abréch uechter d’Land

D’Police mellt iwwerdeem nach, datt a 6 Wunnengen agebrach gouf an eng Partie Wäertgéigestänn geklaut goufen. D’Abréch waren um Briddel, zu Siren, Duelem, Bartreng, Rëmeleng a Monnerech.

Back to Top
CIM LOGO