
A Clausen ass géint 3.30 Auer e Chauffer mat sengem Won engem Policeauto drop gefuer. Bei der Kontroll vum Automobilist ass den Alkoholtest positiv ausgefall, wouropshin de Fürerschäin agezu gouf. Beim Accident ass kengem eppes geschitt an et blouf beim liichte Materialschued.
Eng Stonn virdrun ass der Police en accidentéierte Cyclist um Lampertsbierg gemellt ginn. Éischten Informatiounen no hat den alkoholiséierte Mann d’Kontroll iwwert säi Vëlo verluer a war gefall. Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt de Mann ze vill gedronk hat, wouduerch och säi Permis agezu gouf. Den accidentéierte Mann koum fir eng medezinesch Kontroll an d’Spidol.
Op engem Parking an der Stad ass enger Patrull en Auto entgéint komm, deem säi Chauffer wuel Schwieregkeeten hat, d’Gefier ze steieren. Nodeems den Automobilist bal mam Policeauto kollidéiert war, gouf de Won gestoppt. De Chauffer huet allerdéngs refuséiert en Alkoholtest ze maachen, an huet de Fürerschäi missen ofginn.
Och op der A7 huet eng Automobilistin an Alkoholtest refuséiert. Déi kloer alkoholiséiert Fra war kontrolléiert ginn, nodeems si der Police gemellt gouf, well si a Schlaangelinnen ënnerwee war. Och si huet de Permis missen ofginn an den Auto stoe loossen.
Géint 5 Auer en Donneschdeg de Moie gouf zu Hollerech e weidere Chauffer wéinst sengem Fuerstil ugehalen. De Verdacht op Alkohol huet sech bei der Kontroll bestätegt an de Permis agezunn.