
D'Police huet um fréie Samschdeg de Moien dann och op zwou Plazen an der Stad op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen duerchgefouert. Tëscht 5 a 7 Auer op der Rocade de Bonnevoie an tëscht 8 an 10 Auer op der Escher Strooss. Am Ganzen hunn 373 Chauffere musse blosen, a 6 Fäll war den Test positiv, 1 Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.
De Permis war dann och bei enger Persoun fort, déi géint 1 Auer an der Nuecht op der A6 op der Héicht vun der Aire de Capellen ugehale gouf. De Chauffer, deen a Richtung Belsch ënnerwee war, hat säi Gefier net méi ënner Kontroll an ass am Zickzack gefuer. Den Alkoholtest war hei och positiv.
Um 6:30 Auer koum et dann an der Stad an der Rue Jean-Pierre Brasseur zu engem Accident. Aktuellen Ermëttlungen no hat een Automobilist aus bis ewell net gekläerter Ursaach d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war an e Won, deen op der Säit ofgestallt war, gerannt. Béi Autoe goufe schwéier beschiedegt, de Chauffer gouf da liicht blesséiert. Hie koum an d'Spidol, krut awer virdru wéinst engem positiven Alkoholtest de Permis ofgeholl.