
Tëscht Grolënster a Jonglënster huet et ëm kuerz viru 17 Auer tëscht zwee Autoe gerabbelt. Beim Accident op der N11 goufe sechs Leit blesséiert an d'Air Rescue ass op d'Plaz geflunn. Och Ambulanze vun Iechternach, Jonglënster, aus der Fiels a vu Mäertert waren am Asaz.
Zu Huldang Op d'Schmëtt gouf da géint 19 Auer e Freideg den Owend eng Persoun vun engem Bus ugestouss, woubäi dem Bulletin vum CGDIS no zwou Persoune blesséiert goufen. Och hei war - nieft enger Ambulanz vun Ëlwen - d'Air Rescue op der Plaz.
Donieft huet et och zwee Mol gebrannt, eng Kéier zu Rodange op der Route de Longwy an eng Kéier zu Lénger an der Rue de la Libération. A béide Fäll ass et beim Materialschued bliwwen.