
D'Police hat an der Nuecht op de Samschdeg nawell genuch ze dinn. Eng 90 Mol hunn d'Beamte mussen an den Asaz, well d'Nuetsrou gestéiert gouf respektiv Leit sech och alt mol méi hefteg an d'Hoer kritt hunn. An deene meeschte Fäll hätt sech d'Situatioun awer berouegt, wéi d'Patrull bis op der Plaz war.
An hirem Bulletin zielt d'Police awer och dräi Fäll op, wou jeeweils eng Persoun an de Passagearrest komm ass, well se ze vill gedronk hat a sech aggressiv beholl huet. Dat war eng Kéier op der Stater Gare géint 18.15 Auer, wéi méi Persoune Sträit mateneen haten. Déi Persoun dann, déi sech net berouegt krut an ëmmer méi aggressiv gouf, hunn d'Beamte mat op de Büro geholl, wou si am Passagearrest hire Rausch ausschlofe konnt.
Dono waren d'Beamten an engem Zäitraum vun 20 Minutten zu Rodange gefuerdert. Eng éischte Kéier géint 23.15 Auer, wéi eng alkoholiséiert Persoun aner Passanten ugepöbelt huet. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, konnt de Mann duerch säin Alkoholkonsum bal net méi stoen. Och hien huet d'Nuecht um Policebüro verbruecht. Eng zweet Persoun war dann däitlech ze haart an huet sech mat den Awunner vun der Route de Longwy ugeluecht. Well d'Beamten hien net berouegt kruten, huet och hien am Passagearrest geschlof.
Da mellt d'Police nach, datt si zu Mamer eng E-Trottinett op Uerder vum Parquet saiséiert hunn, well de Chauffer mat dëser däitlech ze séier ënnerwee war. De Mann hat net just d'Vitess, déi ee mam E-Roller dierf fueren, iwwerschratt, ma och d'Maximalvitess an der Strooss hat hien ignoréiert.