
Éischten Informatiounen no souz d'Affer op enger klenger Mauer, wéi de presuméierten Täter méi no koum, him den Handy ofgeholl huet a fortlafe wollt. De Virfall war direkt vu méi Zeien observéiert ginn, déi de Verdächtege konnten drun hënneren, fir ze flüchten. Si hunn de Mann festgehalen, bis d'Beamte vun der Police ukomm sinn.
Wéi d'Polizisten de Mann dunn iwwerpréift hunn, huet sech erausgestallt, datt dëse kuerz virdrun an enger Parfümerie geklaut soll hunn grad wéi am selwechten Nomëtteg och aktiv an engem Akafszenter op der Cloche d'Or gewiescht wier. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss an hien hat de Samschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.