Am LokalenAlkoholiséierte Chauffeur knuppt a Clausen géint e Bam

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 1 Auer ass an der Rue de la Tour Jacob a Clausen en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt.
© Barbara Fuchs

Géint 1 Auer e Freideg de Moie gouf der Police een Accident mat Blesséierten an der Rue de la Tour Jacob a Clausen gemellt. Een Automobilist hat d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass géint ee Bam geknuppt. Op der Plaz hunn d'Beamten du festgestallt, datt et awer keng Blesséierter gouf - mä den accidentéierte Chauffeur stoung dem Uschäin no ënnert staarkem Alkoholafloss. Een Test huet ee positiivt Resultat geliwwert, esou datt ee Fuerverbuet géint den Automobilist huet missen ausgeschwat ginn.

Géint 5.30 Auer sinn um Belval ausserdeem zwee Autoen anenee gerannt. Ee Chauffeur war aus der Richtung Belval komm a wollt an de Rond-point Raemerich erafueren, wou een anere Won an e geknuppt ass, dee grad aus dem Rond-point erausgefuer ass. Bei engem vun deenen zwee Fuerer huet d'Police festgestallt, datt hien ze déif an d'Glas gekuckt hat. Och hien huet säi Fürerschäi missten ofginn.

Zu Stroossen sinn de Freideg géint 8.39 Auer en Auto an ee Bus net laanschtenee komm. Zwee Leit si bei dem Tëschefall blesséiert ginn. Am Asaz waren eng Ambulanz a weider Secouristen aus der Stad.

Zu Colmer-Bierg si géint 10.30 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Eng Ambulanz aus Ettelbréck war op der Plaz.

Kuerz no 12 Auer ass e Motocyclist um CR318 tëscht Léifreg a Kauneref gefall a blesséiert ginn. D'Rettungsdéngschter vu Wolz an vum Stauséi waren op der Plaz.

An der Stad koum et dann géint 12.30 Auer an der Zéissengerstrooss zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert an vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.

Back to Top
CIM LOGO