PoliceAlkoholiséierte Cyclist wärend Ausgangsspär an der Stad ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg ass géint 2 Auer enger Policepatrull an der Avenue Marie-Thérèse a Cyclist opgefall, dee Problemer hat d'Riicht ze behalen.

Nieft dem Faite, dass en géint d'Covid-Ausgangsspär verstouss huet, war och nach den Alkoholtest positiv, woufir en dann och protokolléiert gouf.

E Samschdeg um 22.30 Auer war en Automobilist an der Avenue de la Porte-Neuve an der Stad mat ze héijer Vitess ënnerwee. D'Police konnt de Chauffer stoppen an den Alkoholtest war positiv. E gouf protokolléiert.

Zu Déifferdeng gouf e Sonndeg um 1.50 Auer en Auto um Boulevard Emile Krieps kontrolléiert. De Chauffer huet ëmmer nees probéiert fortzefueren. Beim Chauffer war den Alkoholtest positiv an e Fuerverbuet war d'Konsequenz. Des weidere goufe souwuel de Chauffer wéi och d'Bäifuererin protokolléiert, well se géint d'Ausgangsspär verstouss hunn.

Änlech war d'Situatioun zu Ëlwen. Hei ass enger Policepatrull en Auto um 2 Auer e Sonndeg an der Nuecht opgefall, well en a Schlaangelinnen an der Groussgaass ënnerwee war. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk an e Fuerverbuet gouf ausgestallt. Déi 4 Persounen am Auto goufen dann och protokolléiert, well se zu där Auerzäit am Fong sollten doheem sinn.

Back to Top
CIM LOGO