PoliceAlkoholiséierte Mann am Kader vu Covid-19-Kontroll op der Escher A4 gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, hu si e Samschdeg den Owend Kontrollen am Kader vun de Covid-19-Mesuren op der A4, Héicht Rond-point Raemerich duerchgefouert.
© Police Archivbild

Ee Chauffer ass de Beamten opgefall, deen ze vill gedronk hat. D'Resultat vum Otemtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Kuerz virun Hallefnuecht huet eng Zeien der Police eng Persoun gemellt, déi hannert dem Steier vun hirem Gefier géing sëtzen a sech net méi beweegt. De Motor vum Auto ass nach gelaf.

Eng Patrull huet de gemellte Won zu Bierchem an der Grand-Rue entdeckt an och d'Persoun, déi ageschlof war. Well de Beamten en Alkoholgeroch opgefall ass, gouf en Test gemaach. Dobäi koum eraus, dass den erlaabten Héchstwäert duebel esou héich war. Och hei gouf de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO