PoliceAlkoholiséierte Mann no Belästegung vu Buspassagéier a Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.45 Auer en Donneschdeg gouf der Police e Mann gemellt, deen an engem Bus an der Stad aner Leit belästegt huet.

Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, huet sech erausgestallt, datt de Mann staark alkoholiséiert war. Doropshi gouf decidéiert, datt hien no enger medezinescher Analys d’Nuecht um Policebüro verbréngt.

Drogekontrollen zu Ettelbréck

En Donneschdeg de Moien huet d’Police op enger Partie Plazen zu Ettelbréck Drogekontrolle gemaach. Vun de kontrolléierte Persounen haten der zwou Drogen dobäi. Am Ganze goufe ronn 8 Gramm Haschisch séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO