RéimechAlkoholiséierte Mann wëll seng Rechnung net bezuelen a randaléiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Réimech an an der Fiels hunn de Sonndeg zwee alkoholiséiert Männer a Caféë Gäscht agresséiert.
© afp

Zu Réimech koum et de Sonndeg den Owend géint 22 Auer an engem Café zu Handgräiflechkeeten, nodeems een alkoholiséierte Mann seng Rechnung net bezuele wollt. Wéi hien de Café wollt verloossen, huet hien engem anere Gaascht am Sträit ee Coup an d'Gesiicht ginn. Och d'Entréesdier gouf beschiedegt.

Wou d'Beamten op der Plaz ukoumen, konnte si de Mann nach anhuelen. Ufanks war hien nach kooperativ, mee huet du probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen. An der Rue Saint-Nicolas konnt de Mann du vun enger zweeter Policepatrull gestoppt ginn. Si hunn de Mann mat an d'Klinick geholl, mee um Wee dohinner huet hien d'Poliziste beleidegt a menacéiert. De Mann gouf dunn an d'Ausniichterungszell bruecht an et gouf eng Plainte géint hie gemaach.

Mann sicht Sträit an der Fiels - Torse nue

An der Rue de Mersch an der Fiels gouf de Sonndeg den Owend géint 20 Auer ee weidere volle Mann an engem Café zwee anere Gäscht géigeniwwer handgräiflech. Déi agresséiert Koppel, ee Mann an eng Fra, hu keng Blessure behalen, goufen awer fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht.

De Mann hat sech aus dem Stëbs gemaach, konnt awer méi spéit a senger Wunneng fonnt ginn. Hie gouf dunn op de Büro bruecht. Nom Gespréich mat der Police hunn d'Beamten hien nees Heem bruecht - do ass hien awer net laang bliwwen. Torse nue ass hien nees zeréck an d'Duerf gaangen an huet virum Café Sträit mat de Gäscht gesicht. Well de Mann a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, misst och hien d'Nuecht an enger Zell verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO