An de leschten 3 JoerAll 5. erwuessene Resident gouf op d'mannst eng Kéier diskriminéiert

RTL Lëtzebuerg
All 5., dee selwer vun Diskriminatioun betraff war, eng butzeg Minoritéit, déi Plainte gemaach huet an Zeien, déi Concernéierte méi dacks gehollef hunn.

Dat sinn 3 Erkenntnisser aus dem "Observatoire des discriminations 2020", deen de Centre pour l'égalité de traitement den Dënschdeg de Moien zesumme mat TNS Ilres virgestallt huet.

CET-Rapport/Reportage Eric Ewald

Am September war bei engen 1.100 Residenten nogefrot ginn, ob si an de leschten 3 Joer selwer eng Diskriminatioun erlieft hunn oder awer Zeie vun enger waren.

Den Haaptchiffer, wat d'Diskriminatiounen aus der Siicht vu Betraffenen ugeet, ass de Fait, dass 20% vun de Befroten an de leschten 3 Joer selwer concernéiert waren.

"All 5. Resident ab 18 Joer ass zu Lëtzebuerg an de leschte 3 Joer op d'mannst eng Kéier diskriminéiert ginn. 2015 hate mer, zum Verglach, 26%.", esou den Tommy Klein vun TNS Ilres.

Fraen a Jonker zum Beispill wäre méi dacks betraff an d'Diskriminatiounen haten ënnert anerem mat der Nationalitéit an de Sproochekenntnisser vum Concernéierten ze dinn. Déi grouss Majoritéit huet déi Diskriminatiounen net public gemaach, wat awer psychesch an emotional Konsequenzen no sech zéie kann.

"79% vun deenen, déi Affer ware vun enger Diskriminatioun an de leschten 3 Joer, leiden ëmmer nach ënnert dëser Situatioun."

Woubäi just 10% Plainte gemaach hunn, wat awer nach e Plus ass géintiwwer den 3% vun 2015. Déi, déi keng Plainte gemaach hunn, hunn als Haaptgrond uginn, dass dat näischt bréngt.

27% waren iwwerdeems an de leschten 3 Joer Zeie vun enger Diskriminatioun. Déi opgrond vun der Hautfaarf war do een Thema. Den Taux vun Zeien, déi soten, engem Betraffene gehollef ze hunn, goung iwwerdeems vu 14 am Joer 2015 op elo 57% erop. Soudass et fir den Tommy Klein zu Lëtzebuerg e Verständnis fir Diskriminatioune gëtt.

D'Nathalie Morgenthaler, Direktesch vum CET, hat an hirer Introduktioun vun engem spezielle Joer fir déi bis dato 4. Ëmfro an deem Genre geschwat. Engersäits hätten duerch d'Pandemie déi Leit, déi souwisou scho méi vun Diskriminatioune betraff wären, riskéiert, nach méi benodeelegt ze ginn.

"Anerersäits ass 2020 awer och dat Joer, an deem Rassismus international en immenst Thema war. Mä awer och zu Lëtzebuerg, wou d'Resultater vun der FRA, der Fundamental Rights Agency, hirer Etüd Being black in Europe eng Situatioun hei am Land weist, déi absolut inacceptabel ass."

Woubäi et allerdéngs keen Trend a Richtung vu méi Rassismus bei eis géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO