Gutt preparéiert fir d'RentréeAll 7. Kand profitéiert vun der Summerschool-Offer

RTL Lëtzebuerg
Zejoert hu 7.270 Schüler un der Summerschool deelgeholl, dovu ronn dräi Véierel aus der Grondschoul.
© AFP/Archives

Summerschool 2022 / Rep. Chris Meisch

Net méi laang an d’Summervakanz ass fir vill Schüler zu Lëtzebuerg eriwwer. Virun der d’Rentrée huet een nach d’Méiglechkeet, sech op dat kommend Schouljoer ze preparéieren an d’Matière vum leschte Schouljoer opzefrëschen. Ronn all 7. Kand aus der Grondschoul profitéiert pro Joer vun der Summerschool, fir bei der Rentrée net Huesen a Schlappen ze verléieren.

Zënter dem Summer 2020 gëtt et d’Summerschool, déi an ëffentleche Schoule fakultativ a gratis Cours-d’appuien ubitt. D’Coursë sinn vum 29. August bis den 9. September. Um Ufank war d’Summerschool fir Kanner a Jugendlecher geduecht, déi am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie Schwieregkeete beim Léieren haten. Fir den Educatiounsminister Claude Meisch steet fest: ”...dass sou Rattrapage-Coursen um Enn vun der Summervakanz eppes ass, wat eigentlech all Joer Sënn mécht an net nëmmen an deem Joer, wou mir Pandemie haten, well ma all Joer Schüler hunn, déi villäicht e gewëssene Retard hunn, deen net konnt opgeschafft gi wärend dem Schouljoer. Awer och vläicht Schüler hunn, wou déi 2 Méint Vakanz awer laang sinn a wou doheem eigentlech keen do ass, fir och wierklech kënnen ze hëllefen.”

Schüler aus dem Cycle 2.1 bis 2ième kënnen an der Summerschool Nohëllef huelen. Um Enn vum Schouljoer kënnen Enseignantë mat den Elteren zesummen decidéieren, ob et sënnvoll wier, wann hiert Kand déi lescht zwou Woche vun der Summervakanz Nohëllef hëlt. Doropshi kann d’Kand fir ee vun de virgesinne Cours-d’Appuien ugemellt ginn. Schüler kënne sech fir maximal 1 Nohëllefscours umellen, deen eng Woch laang dauert an dat 2 Stonnen den Dag. Nohëllef kann een an der Mathé-, am Däitschen, Franséischen, an den Lycéeën och nach am Engleschen huelen, kaschte mécht dat Ganzt fir d’Schüler näischt. Bei den Enseignantë kënnt d’Summerschool gutt un.

„Also ech muss soe, et ass eng flott Initiativ an och eng Chance fir d’Kanner, fir déi, wou Schwieregkeeten hunn an engem Fach, fir nach eng Kéier kënnen hiert Wëssen opzefrëschen. Et ass flott, och a klenge Gruppen ze schaffen, et kann een och besser d’Kanner individuell fuerderen. Ma et ass elo déi 2. Kéier, wou ech schonn dobäi sinn. Ech selwer sinn nach Student, och fir Schoulmeeschter ze ginn, dat heescht, fir mech ass et dann op där anerer Säit och gutt, well ech jo och da meng Erfarunge ka sammelen. Ech mengen, de Kontakt mat de Kanner ass och ëmmer zimmlech gutt. Et war elo ee Meedchen, wou an d’Vakanz geet a wou sot, et wéilt awer léiwer an d’Schoul nach kommen, dat heescht, ech mengen, dass do awer ee Succès ass.”

Wat d’Schüler ugeet, wier zwar elo net jidderee mega frou, an der Summervakanz mussen ze léieren, ma muncher sinn awer frou, hir Kenntnisser kënnen opzefrëschen a Kolleegen a Frëndinnen erëmzegesinn.

„Ech sinn 10 Joer an ech kommen heihinner, well ech Däitsch net gutt verstinn.”

“Ech hunn 10 Joer an ech ginn an d’fënneft Schouljoer a well ech muss besser Däitsch schwätzen a schreiwen.”

“Ech sinn 10 an ech ginn an d’véiert Klass, also ech war an der véierter Klass an ech ginn an d’Summerschool, well ech sinn nach net ganz gutt am Franséischen, well mir schwätzen doheem Däitsch an et ass fir mech e bësse méi schwéier, Franséisch ze schwätzen.”

Zejoert hu 7.270 Schüler un der Summerschool deelgeholl, dovun ronn ¾ aus der Grondschoul. Hei géif all 7. Kand an der Summerschool ageschriwwenen ginn, de Besoin wier domat däitlech, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Schreiwes

Summerschool 2022: Combler des lacunes scolaires et bien préparer la rentrée

Communiqué par : ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Avec la troisième édition de la Summerschool, les établissements scolaires publics proposent à nouveau des cours de rattrapage facultatifs et gratuits à la fin des vacances scolaires d’été. Ainsi, du 29 août au 9 septembre 2022, les élèves de l’enseignement fondamental et secondaire peuvent rafraîchir leurs connaissances, consolider ce qu’ils ont appris ou rattraper des contenus dans les disciplines principales.
Mise en place en 2020 pour combler les lacunes scolaires liées à la crise de la COVID-19, la Summerschool est entretemps devenue un des rouages du soutien scolaire proposé par le système éducatif luxembourgeois. Elle permet de prendre en compte l’hétérogénéité des besoins des élèves, et ainsi de préparer une rentrée à chances égales.
« Afin de garantir les meilleures chances de réussite, nous voulons donner à chaque enfant et jeune une opportunité de retravailler des matières de l’année scolaire précédente et de bien se préparer pour la nouvelle année scolaire. Avec la Summerschool, pérennisée depuis trois années, nous avons développé une initiative supplémentaire de réduction des inégalités sociales auprès des élèves au Luxembourg. », a souligné le ministre Claude Meisch à l’occasion d’une visite de la Summerschool à l’école fondamentale Deich de Dudelange, le 31 août 2022.
Des dossiers thématiques pour la Summerschool ou la maison
Les séances d’apprentissage de la Summerschool s’appuient sur les 46 dossiers thématiques élaborés par le SCRIPT pour chaque discipline (allemand, français et maths au fondamental ; allemand, français, anglais et maths au secondaire) et chaque classe.
Ces dossiers sont accessibles, via l’IAM de l’élève, sur la plateforme d’enseignement à distance www.schouldoheem.lu, depuis le 15 juillet 2022. Ils comprennent aussi des corrigés-modèles et peuvent être utilisés en autonomie ou accompagnés par les parents, à tout moment des vacances scolaires.
Depuis la mise en ligne des dossiers thématiques le 15 juillet 2022, www.schouldoheem.lu a enregistré près de 31 000 visiteurs, plus de 36 200 visites et 37 200 téléchargements de dossiers thématiques (données au 30.08.2022). Ceci représente une croissance importante par rapport à la Summerschool 2021: 33 850 téléchargements de dossiers avaient été effectués à la même période.
La fréquentation de la Summerschool en chiffres
En observant l’évolution du nombre d’inscriptions, il semble, d’un côté, que la Summerschool ait pris sa place dans le paysage scolaire ; de l’autre, que les parents et les élèves aient préféré les dossiers thématiques, qu’ils peuvent aussi utiliser en déplacement à l’étranger où à la maison, aux cours en présentiel. Ce que pourraient expliquer la mobilité retrouvée après la pandémie, davantage de départs en vacances à l’étranger, etc...
2020 2021 2022
Inscrits à l’enseignement fondamental 4.800 5.500 4.280
Inscrits à l’enseignement secondaire 1.100 1.770 1.370
5900 7270 5650
(chiffres arrondis)
Comme l’an passé, le cours de langue allemande est le plus fréquenté à l’enseignement fondamental ; les mathématiques sont le cours le plus demandé à l’enseignement secondaire, suivi de près par le cours de français.
Un encadrement de qualité
À l’enseignement fondamental, le soutien scolaire est assuré par 295 volontaires, dont 49 enseignants, 165 remplaçants temporaires (titulaires du bac, ayant suivi la formation de remplaçants temporaires de l’enseignement fondamental) et 81 personnes appartenant ou ayant appartenu au pool national « études surveillées » mis en place dans le cadre de la crise de la COVID-19 (également titulaires du bac).
À l’enseignement secondaire, les élèves sont encadrés par 168 volontaires, dont 25 enseignants et 143 étudiants (titulaires du bac). Les étudiants doivent suivre au préalable une formation en ligne organisée par l’Institut de formation de l’Éducation nationale et le Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT).

Back to Top
CIM LOGO