Wéinst neiem QualitéitsgesetzAll CIPA am Land brauch en neien Agrement

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem neie Qualitéitsgesetz fir Servicer fir eeler Leit mussen alleguer d'Agrementen vun de concernéierte Strukturen erneiert ginn.

Dat gëllt ënner anerem fir déi 31 Altersheemer, 22 Fleegeheemer a 15 encadréiert Seniore-Residenzen, déi et am Land ginn.

Deemno mussen all d’Gestionnairen hiren Agrementsdossier ganz séier aktualiséieren an den neie Critèren upassen. Dat och well d’Bezeechnunge vu verschiddene Servicer änneren. Déi nei Agremente mussen dann all Joer erneiert ginn.

Nëmmen sou kéint de Familljeministère sécherstellen datt all nei Bestëmmunge vum neie Gesetz och an der
Realitéit bei den eelere Leit ukéimen a fir eng Qualitéit fir d’Servicer fir eeler Leit suergen, seet et den zoustännege Minister Max Hahn a senger Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Stéphanie Weydert.

Back to Top
CIM LOGO