Vermësstemeldunge vun der Police„All Hiweis aus der Bevëlkerung ka wichteg sinn“

Pierre Weimerskirch
Ëmmer nees gëtt d’Police Vermësstemeldungen eraus. Wisou a wéi esou eng Enquête ofleeft, hu mir nogefrot.
© Laurent Weber

Gëtt eng Persoun als vermësst gemellt, ginn als éischt Informatioune gesammelt. Dat sinn ënnert anerem eng detailléiert Beschreiwung vun der Persoun oder och Informatiounen zu den Ëmstänn, esou den Service Presse vun der Police op Nofro. Zousätzlech dozou géif dee Polizist, dee sech ëm d’Affär këmmert, Kontakt mat der Famill vun der vermësster Persoun ophuelen an d’Plaz ënnersicht, vun där d’Persoun verschwonnen ass.

Et gëtt ënnerscheet tëscht „Disparitions inquiétantes“ an „Disparitions non-inquiétantes“

Zesumme mam Parquet gëtt decidéiert, ob et eng „Disparitions inquiétantes“ oder eng „Disparitions non-inquiétantes“ ass. Critèrë wéi Alter oder de Gesondheetszoustand spillen do eng Roll.

Net beonrouegend Fäll sinn z.B. déi, déi am Kontext vun enger sougenannter „Fugue“ passéieren. An deene Fäll kann d’Plaz, op där sech déi vermësste Persoun ophält, dacks séier ermëttelt ginn oder déi vermësste Persoun taucht no kuerzer Zäit erëm op. Trotzdeem ginn och hei weider Informatioune gesammelt an et gëtt weider no der vermësster Persoun gesicht.Am Fall vun enger beonrouegender Vermësstemeldung, z.B. bei engem Mineur, wann eng imminent Gefor fir d’Wuel vun der Persoun besteet (z.B. Medikamenter, déi musse geholl ginn) oder wann e Risk op Suicide besteet, kann eng ëffentlech Vermësstemeldung vum Parquet ugeuerdent ginn. Dës Decisioun gëtt da vun der Police ausgefouert.

Dacks ginn d’Persounen zäitno erëmfonnt

Vermësste Persoune ginn an de meeschte Fäll relativ zäitno erëmfonnt. Kënnt et zu enger ëffentlecher Vermësstemeldung, géifen an der Reegel eng ganz Partie Hiweiser aus der Bevëlkerung kommen: „Dorënner och wäertvoll Indicen zum Openthalt vun der vermësster Persoun.“

„All Hiweis ka wichteg sinn“

„All Hiweis am Kader vun enger ëffentlecher Vermësstemeldung fir d’Police ka wichteg sinn an och deementspriechend sollt un dat entspriechend Policekommissariat weidergeleet ginn“, esou d’Erklärung vun der Police. Och Informatiounen, déi ugangs niewesächlech schéngen, kéinte fir d‘Sich no der vermësster Persoun wichteg sinn.

Back to Top
CIM LOGO