In flagranti erwëschtZwou Persounen no Abroch a Lokal zu Esch-Uelzecht festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Zwee Männer, déi an e Lokal zu Esch agebrach waren a Saachen doraus geklaut hunn, konnten nach op der Plaz vun der Police ugetraff ginn.
D'Police konnt déi zwee Abriecher nach beim Lokal festhuelen.
© Laurent Weber

E Méindeg de Moie gouf der Police zu Esch-Uelzecht an der Uelzechter Strooss en Abroch an e Lokal gemellt. Wéi eng Patrull vun der Police op der Plaz ukomm war, hu si zwou Persoune wärend hirer Dot erwëscht. Deen ee Mann war baussen amgaangen, déi geklaute Saachen zesummenzepaken an deen anere Mann war nach bannen am Lokal.

Béid Persoune konnten op Uerder vum Parquet nach op der Plaz festgeholl an am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO