ZeienopruffPolice freet no nëtzlechen Informatiounen zu Abroch am Pommerlach

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, déi dozou bäidroe kënnen, de Fall vun engem rezenten Abroch an en Akafszenter am Pommerlach opzeléisen.
Den Abroch an en Akafszenter am Pommerlach soll opgekläert ginn.
© RTL Grafik

E Méindeg de Moie fréi géint 3:50 Auer war der Police en Abroch an en Akafszenter am Pommerlach gemellt ginn.

Bis ewell ass gewosst, dass zwee Täter iwwer e Feldwee (An der Gaass) op den Terrain vum Geschäft komm sinn an dunn do mat Gewalt eng Dier opkritt hunn. Uschléissend hätte si aus der Vitrinn vun engem Buttek fir Elektroartikelen eng Rei Handye geklaut. Iwwert dee selwechte Wee wieren déi zwee Brigangen och nees geflücht.

Wien Informatiounen zur Dot oder de gesichte Persoune liwwere kann, soll sech mellen um Policebüro Ardennes ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 89 1000 oder per E-Mail an police.ardennes@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO