RollengZwou Persounen no Kollisioun tëscht zwee Autoe verwonnt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufe bei Verkéiersaccidenter zu Rolleng an zu Keel am Ganzen dräi Persoune blesséiert.
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
Zwee Accidenter am Minett um Dënschdeg.
© Laurent Weber

Dem CGDIS gouf en Dënschdeg de Moien en Accident zu Rolleng gemellt. Géint 11:30 Auer krute sech an der Route de Luxembourg zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a kruten Hëllef vun de Rettungsekippe vu Péiteng an dem SaDiff.

Ee weidere Virfall op de Stroosse krut de CGDIS dann nach en Dënschdegnomëtteg géint 16:44 Auer eran. An der Rue de Noertzange zu Keel gouf eng Persoun verwonnt, déi mat hirem Moto gefall war. D'Pompjeeë vu Keel an d'Ambulanz vun Diddeleng waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO