
D’offiziell Zuele beleeën dat, absënns och, wat d’Pensiounsdemanden uginn.
An de leschten dräi Joer sinn an der Moyenne eng 660 Persoune beim Staat d’Joer an d’Pensioun gaangen. Op Enn Dezember zejoert waren am Ganzen eng 3.120 Beamten am Staatsdéngscht méi al wéi 56 Joer, 514 dovunner hate méi wéi 60 Joer.
Dës Zuele ginn natierlech e gutt Bild, wéi vill Beamten an deenen nächste Jore wäerten an d’Pensioun goen.
An de leschte Jore konnten d’Pensionären ersat ginn, well d’Personal beim Staat generell vill gewuess ass, mat enger Augmentatioun vum Personal vu méi wéi 1.500 Leit d’Joer.
Generell gëtt et e grousse Besoin u Personal beim Staat, dat absënns an der Educatioun, bei der Police, der Informatik an an de Finanzen.
Dës Informatioune gëtt de Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.