WarnungAllergenen an der Mokkaglace vum Namur

RTL Lëtzebuerg
An der Mokkaglace vum Namur sinn Allergenen, déi net op der Etikett stinn.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Wéi d’Veterinär- a Liewensmëttelamt an engem Schreiwes matdeelt, géif op den Etikette vun de Glacen net stoen, dass Nëss an dëse wieren. Ausserdeem kéinte weider Allergene wéi Hielse-Friichten a Soja an de Glacen enthale sinn.

D’Warnung betrëfft d’Mokkaglace vum Namur an den Dëppercher mat engem Inhalt vun 110, 130 a 450 Milliliter a mat engem Inhalt vun engem, 2,5 a 5 Liter a mat de Mindeshaltbarkeetsdatumer virum 8. Abrëll 2024.

Back to Top
CIM LOGO