E Sonndeg den Owend decidéiert sech, wien Europameeschter gëtt. Italien oder England. E Match, dee vill Futtballfrënn mobiliséiere wäert. Am Virfeld huet de Policeminister Kox den Appell gemaach, sech un déi sanitär Reegelen ze halen. Bannent kierzter Zäit haten nämlech honnerte Supporter en Dënschdeg an der Escher Mandela-Strooss zesummefonnt an enk openee gedréckt gefeiert.
Den Traditiounscafé Italia hat fir d’Halleffinall baussen en Ecran opgestallt. Awer net mat esou vill Leit gerechent. Et hätt een am Laf vum Owend d’Kontroll iwwer d’Situatioun verluer, bedauert d’Morena Luisi, d'Duerschter vum Haus.
Am Virfeld vun der Halleffinall hat d’Gemeng d’Strooss gespaart, fir geféierlech Verkéierssituatiounen ze verhënneren an dem Café Dëscher a Bänken zur Verfügung gestallt. Dat wäert och fir d’Finall e Sonndeg de Fall sinn. Obwuel een iwwer déi eskaléiert Situatioun leschten Dënschdeg alles anescht wéi frou war.
An de betraffene Caféen ass ee beméit, alles drun ze setzen, datt d’Situatioun e Sonndeg ënner Kontroll bleift. De Café San Siro um Eck vun der Mandela Strooss an dem Prënze-Réng seet, et hätt een e CovidCheck-Event gemellt. Am Café Italia wäert eng Terrass duerch Barrièren ofgegrenzt ginn. Déi zwee Agäng wäerte vun 2 Sécherheetspersoune bewaacht ginn. 10 Leit dierfe baussen zesummen op engem Dësch sëtzen. Banne ginn et 4erer-Dëscher.
D’Gemeng Esch organiséiert fir d’Finall e Public Viewing am Clair-Chêne’s Parc. Am CovidCheck-Modus kënnen hei bis zu 300 Fans hir Ekippen ufeieren.
D’Police huet fir d’Finall e Sonndeg dann och verstäerkt Kontrollen uechter d’Land ugekënnegt.