
E Freideg de Mëtteg géint 15.40 Auer krut d’Police en Abroch an eng Wunneng an der Avenue Frantz Clement zu Munneref gemellt. D’Entreesdier gouf opgebrach an d’Raimlechkeete goufen duerchsicht. Ob eppes geklaut gouf, preziséiert d’Police net.
Nëmme kuerz drop gouf dann en Abroch zu Leideleng gemellt, dat an der Rue de Roedgen. Hei gouf eng Fënster opgehiewelt fir an d’Wunneng ze kommen. Och hei gëtt et keng Informatioun vun der Police, ob eppes geklaut gouf.
D’selwecht beim Abroch an der Rue Lohr zu Miersch. Hei hunn d’Täter sech via d’Veranda Zougang an d’Haus verschaaft.
Zu Bieles da gouf et vun en Donneschdeg op e Freideg an Abroch an der Rue de la Gare. Eng oppe Kellerdier gouf hei als Invitatioun gesinn, fir an d’Haus ze kommen an do eng Partie Saachen ze klauen.
Zu Bouneweg goufen zwee Täter e Freideg den Owend kuerz no 23 Auer iwwerrascht, wéi se an eng Déifgarage vun engem Appartementsaus an der Rue Michel Gehrend agebrach sinn. Si hu sech duerch d’Bascht gemaach, hunn awer virdrun nach e puer Fläsche Wäi matgoe gelooss. Obwuel direkt no hinne gesicht gouf, konnte se net fonnt ginn.
E Chauffer vun engem Liwwerdéngscht krut dann eng Partie Saachen aus sengem Liwwerwon geklaut, wéi en an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg Wueren ausgeliwwert huet. Am Kader vun Ermëttlunge konnt deem säi Portmonni erëmfonnt ginn. Dee krut en dann och zeréck. Eng Plainte gouf deposéiert.
Wéi kann ee sech géint Abréch schützen? Informatioune vun der Police