DiddelengAm Auto Cannabis consomméiert a vu Police erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Géint 5.20 Auer an der Nuecht op e Méindeg ass enger Policepatrull e suspekten Auto um Parking vun der Gare zu Diddeleng opgefall.
© AFP Archivbild

Um Auto waren d'Standluuchten un an 2 Persounen souzen dran. Bei der Kontroll ass de Beamten e staarke Marihuana-Geroch entgéint komm. Bei der Perquisitioun goufe 66 Gramm Haschisch séchergestallt. Béid Persounen hunn doropshin zouginn Droge consomméiert ze hunn.

Och den Auto gouf sécher gestallt. De Chauffer vum Won huet fir eng Blutt- an Urinprouf missen an d'Spidol. Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO