Dat nodeems den 100,7 annoncéiert hat, datt d’Regierung d’Legaliséierung vum Verkaf vu Cannabis falegelooss hätt an amplaz just den Ubau fir de private Gebrauch géing erméiglechen.
Nach wier näischt am Dossier decidéiert an d'Aarbechte wieren nach amgaang. Dat huet ons de Gesondheetsministère en Dënschdeg den Owend per Email geäntwert. Vum Justizministère huet et iwwerdeems geheescht, d'Sam Tanson géing keng weider Aussoe maachen, bis den Dossier am Regierungsrot war. De Meris Sehovic, Parteipresident vun deene Gréngen, huet drop verwisen, datt d'Aarbechte jo nach lafe géifen an een ofwaarde misst, mat wéi enger Propos d'Regierung kéim. Ma fir seng Partei wier et en enorm wichtegen Dossier: D'Zilsetzung ass kloer: Ophale mat der Kriminaliséierung a Stigmatiséierung vun den Endkonsumenten. An eng Alternativ ubidden zum Schwaarzmaart!
Enttäuscht sinn déi Lénk iwwert d'Annonce vun der Gesondheetsministesch. D'Nathalie Oberweis betount, datt dëst virun allem op 2 Voleten uerg Konsequenze kéint hunn:
D'Santé publique, wou mer awer dovun ausgaange sinn, datt de Cannabis, deen op de legale Maart kéint kommen, reguléiert a kontrolléiert kéint ginn. An an deem Sënn wier et wierklech och eng Garantie fir d'Gesondheet vun all deenen, déi et consomméieren. An dat anert ass awer och déi kleng Kriminalitéit am Quartier vun der Gare, déi een hätt kënne berouegen.
Hei wier alt nees eng Chance verpasst ginn an dat souwuel fir d'ëffentlech Gesondheet wéi och fir d'Sécherheet, huet d'Nathalie Oberweis nach ënnerstrach. Déi Lénk erënneren awer och un d'Cannabis-Produzenten, déi et schonn am Land ginn. Dozou gehéiert zum Beispill den Norbert Eilenbecker, deen als Bauer Industriehanf ubaut. Hie wier scho frou, wann e puer vun de méi einfache Punkte gereegelt géife ginn:
D'ass mer vläicht den Taux vun 0,3% op 1% kréien, wéi an der Schwäiz. Deemools huet de Gesondheetsminister Etienne Schneider nach gesot, et géif alles legaliséiert ginn an da bräicht een dat net ze maachen. Mir wiere frou, wa mat klenge Schrëtt déi Saache lues awer sécher gereegelt géife ginn.
Et wier ee sech vun Ufank u bewosst gewiescht, datt et en ambitiéise Projet wier, seet net just den Norbert Eilenbecker, mä och de Meris Sehovic vun déi Gréng. Et géife sech eng Partie Froe stellen, wat d'Ëmsetzung vun der Legaliséierung betrëfft:
Wéi ee sécher stellt, wéi een dat staatlech reglementéiere kann. Et stelle sech Froe par Rapport zu den Nopeschlänner, zum europäesche Kontext an och dem Dateschutz.
Fir den Norbert Eilenbecker ass et awer onvirstellbar, datt den Dossier elo ee fir alle Mol vum Dësch sollt sinn: A ganz Europa wäert dat iergendwéi a Beweegung bleiwen. D'Dous ass op an déi kritt een elo och net méi zou!
Et sollt awer trotzdeem och elo net einfach Saachen iwwert de Knéi gebrach ginn, huet den Hanfproduzent nach betount.
DP, LSAP an déi Gréng hu sech am Koalitiounsaccord vun 2018 virgeholl, de staatlechen Ubau a Verkaf vu Cannabis ze legaliséieren. De Réckzéier, deen den 100,7 gemellt huet, wier op juristesch Onkloerheeten am Zesummenhang mat europäesche Reegelen zeréckzeféieren.