StatecAm Februar gouf et eng Baisse vun der Inflatioun

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Statec mellt, ass d'Inflatioun am Februar heiheem iwwert ee Mount gesinn ëm 0,7 Prozent zeréckgaangen.
© RTL

Hannergrond sinn d'Wantersolden.

Wärend der Fuesvakanz sinn d'Reesen iwwer 6 Prozent méi deier ginn.

Mat Vältesdag sinn d'Blummen ëm 8 Prozent méi deier ginn.

Bensinn an Diesel sinn am Februar bis zu 5 Prozent méi deier ginn, de Masutt esouguer ëm knapp 8 Prozent.

PDF: Communiqué Statec - Taux d'inflation

Back to Top
CIM LOGO