
Um 5.20 Auer hat et op der Diddelenger Autobunn an Direktioun Frankräich tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem direkt tëscht 3 Autoe gerabbelt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper.
Kuerz viru 14 Auer gouf am Quartier Hollerech an der Rue de la Deportation eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Och hei waren d’Rettungsekippen aus der Stad am Asaz.
D’Nordstad Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Bettenduerf goufen iwwerdeem um 15.10 Auer geruff, nodeems et an der Keiwelbaach tëscht zwee Ween geknuppt hat. 3 Persoune goufe beim Accident blesséiert.