Haislech Gewalt a MesserpickereiAm Norde gouf eng Fra menacéiert, zu Bouneweg gouf et eng Messerpickerei

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien hat sech eng Fra bei der Police gemellt, nodeems hiren Ex-Partner si den Owend virdru agresséiert a mam Doud gedreet soll hunn.
© nogestallten Zeen/RTL-Archiv

Déi betraffe Fra, déi dem Policebulletin no siichtbar Blessuren hat, konnt virum Ugräifer aus deem senger Wunneng am Norde vum Land flüchten. Mä och nach den nächste Moien, wéi si um Policebüro war, krut d’Affer Mordmenacen op hiren Telefon geschéckt.

No enger landeswäiter Sich konnt d’Police de verdächtege Mann en Dënschdeg am Nomëtteg zu Miersch stellen. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a gouf en Donneschdeg de Moien der Untersuchungsriichterin virgefouert. Hie koum duerno an d’Untersuchungshaft op Suessem.
Iwwerdeems war et géint 16.30 Auer e Méindeg am Nomëtteg zu Bouneweg an der Route de Thionville zu enger Messerpickerei komm. E jonke Mann war hei a sengem Auto vu 4 Persounen attackéiert ginn. D’Ugräifer waren no der Dot geflücht a konnte bis ewell nach net ermëttelt ginn.

Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, war d’Affer nach uspriechbar a koum mat enger Partie Stéchwonnen an d’Spidol.

Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police Judiciaire op der Plaz. Et gouf eng Plainte deposéiert an d’Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO