StatecAm November gëtt et eng weider Baisse vun der Inflatioun

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Statec mellt, louch den Inflatiounstaux am November bei 0,4%. Eng Indextranche dierft net virun Enn 2021 erfalen, wann déi aktuell Tendenz unhält.

Bedéngt ass dëse Mouvement no ënne vun der Präisdeierecht  duerch d'Pëtrolspräisser, déi de leschte Mount ëm 1,2% zeréckgaange sinn. Par Rapport zum Oktober hunn d'Chaufferen op der Pompel z.B. missten 4% manner fir Super-Bensinn bezuelen.

PDF: De Pressecommuniqué vum Statec

Back to Top
CIM LOGO