Allkéiers Alkohol am SpillAm Spidol de Batti gestallt, een Accident an 2 Chaufferen ageschlof

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu si e puer Permise missten anzéien, well Automobiliste gedronk haten a sech hannert d'Steier vun hirem Gefier gesat hunn.

E Freideg den Owend géint 19.20 Auer gouf an der Rue de Turi zu Léiweng en Accident gemellt, woubäi ee Chauffer deem aneren hannendrop gefuer war. Ee Gefier stoung matten op der Fuerbunn, de Mann am Auto war vu sech. Nodeems d’Secouristen op der Plaz waren an de Mann nees zou sech war, hunn d’Poliziste festgestallt, dass hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. En Alkoholtest ass deemno positiv ausgefall. De Chauffer koum fir eng Kontroll a d’Spidol, ma do huet hie sech de Batti gestallt a gouf ëmmer méi onkooperativ. Um Enn huet hien e Polizist mam Hals geholl. De Mann krut de Permis ewechgeholl a krut donieft e Protokoll wéinst sengem Behuelen.

Géint 3.30 Auer koum am Rond-point Bleesbréck e Gefier virum Ausgang Tandel vun der Strooss of, krut den Trëttoir ze paken an huet e Schëld ëmgehäit. Obschonn den Auto doduerch staark beschiedegt gouf an u sech net méi hätt dierfe weiderfueren, huet de Chauffer et awer nach gepackt, bei sech doheem zu Veianen domat unzekommen. Ma do krut hie Besuch vun der Police, déi festgestallt huet, dass hie gedronk hat. Och hei war de Fürerschäi fort.

Méi spéit, géint 05.20 Auer, goufe Beamten op e Gefier opmierksam, dat um Bord vun der Strooss an enger Wiss stoung. Wéi d’Patrull laanschtgefuer ass, hu si gesinn, dass de Mann hannert dem Steier ageschlof war. D’Polizisten hunn decidéiert, den Automobilist ze kontrolléieren, deen dunn awer usetze wollt, fir fortzefueren. D’Police huet d’blo Luuchten ugemaach an de Won blockéiert. Nodeems rauskoum, dass de Mann Alkohol konsuméiert hat, war och hien de Permis lass.

E Samschdeg de Moie géint 06.30 Auer huet eng aner Patrull e Gefier an der Avenue Charles de Gaulle, respektiv um Boulevard d’avranche bemierkt, dat bei gréng net méi ugefuer ass an de Chauffer och net op tuten a blénke reagéiert huet. Hie war bei der Luucht ageschlof. En Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi fort.

Back to Top
CIM LOGO